Luxembourg Job Openings
Luxembourg Air Rescue
Marketing & PR Koordinator
Sandweiler
August 8, 2024
Mir sichen Ënnerstëtzung an fir eist Marketing Departement. Dir sidd kreativ, kënnt gutt mat Wieder a Biller jongléieren? Dir sidd gutt organiséiert, an Zuelen maachen Iech keng Angscht? Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen, an hutt excellent Manéieren?
Da siche mir genau Iech, eng/een :
Marketing & PR Koordinator
40 Stonne pro Woch am CDI
Är Roll :
Ënnerstëtzung vun der Equipe Marketing & PR:
- Acquisitioun a Betreiung vun eise Corporate Memberen.
- Promotioun vun den Aktivitéiten fir déi verschidde Zilgruppen vun der Luxembourg Air Rescue (LAR) an der Fondation Luxembourg Air Rescue (FLAR).
- Ënnerstëtzung beim Ausschaffen, Korrekturliesen an Iwwersetzung vu Contenu fir Radio, Tëlee, Social Media an och Print Medien.
- Ausschaffen vum Medie Plang, Entwécklung vun Promotiounen an Zesummenaarbecht mat Marketing Spezialisten.
- Support bei der Organisatioun vu Foiren an Evenementer zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun.
- Organisatioun an Duerchféieren vun Visitten an den LAR-Raimlechkeeten .
- Gestioun vum Budget.
- Gestioun a Kontroll vun Offeren an Rechnungen.
- Duerchféieren vun externen LAR-Präsentatiounen.
Äre Profil :
- Dir hutt en Diplom am Marketing, Kommunikatioun oder engem änleche Beräich (Minimum Bac +2) an eng Beruffserfarung vu mindestens 3 Joer, an enger änlecher Funktioun.
- Oder Dir hutt eng erfollegräich Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vu mindestens 10 Joer.
- Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser, geschriwwe wéi och geschwat, an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.
- Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen.
Äre Qualitéiten :
- Selbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiert
- Flexibilitéit an Dynamik, wéi och Teamgeescht
- Diskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichteg
- Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht
- Dir hutt Spaass um Präsentéieren a kënnt Iech gutt ausdrécken um Mikro, viru Gruppen, oder och virun enger Kamera.
Mir bidden :
- Modern a spannend Aufgaben
- Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
- Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
- Sympathescht Team
- Attraktiv Sozialleeschtungen
Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire)
Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German English
New Job Alerts
Delhaize Luxembourg
Employé Polyvalent H/F - Proxy Wiltz
Wiltz
FULL TIME
September 22, 2024
View Job DescriptionVodafone
Global Procurement Manager, Mobile Banking (M-PESA)
Luxembourg
September 22, 2024
View Job DescriptionDelhaize Luxembourg
Employé Polyvalent H/F - Junglinster
Junglinster
FULL TIME
September 22, 2024
View Job DescriptionLooking for similar job?
Nhood
Responsable Marketing Opérationnel - Luxembourg
Luxembourg
August 19, 2024
View Job DescriptionSee What’s New: Luxembourg Air Rescue Job Opportunities
Luxembourg Air Rescue
Freelance Aircraft Technician (m/w)
Findel
PART TIME
August 29, 2024
View Job DescriptionLuxembourg Air Rescue
ICT Systems Administrator - Microsoft Platform
Findel
FULL TIME
August 29, 2024
View Job DescriptionLuxembourg Air Rescue
Junior Project Manager (m/f)
Sandweiler
FULL TIME
August 13, 2024
View Job DescriptionNew Job Alerts
Delhaize Luxembourg
Employé Polyvalent H/F - Proxy Wiltz
Wiltz
FULL TIME
September 22, 2024
View Job DescriptionVodafone
Global Procurement Manager, Mobile Banking (M-PESA)
Luxembourg
September 22, 2024
View Job DescriptionDelhaize Luxembourg
Employé Polyvalent H/F - Junglinster
Junglinster
FULL TIME
September 22, 2024
View Job Description